Schüler-Radio

Emission du mardi 08.10.19 à 15h00 sur « Graffiti, de Jugendsendungen vum Radio ARA » sur les fréquences 102,9FM et 105,2FM L’équipe Schüler-Radio marquera son retour ce mardi 8 octobre 2019 à 15h00 sur radio ARA 102,9 et 105,2FM. Pour la rentrée, nous vous proposons un « best of » de la saison 2018-2019. …

LASEL Relais 2019

Den LMRL war och dëst Joer nees beim Relais LASEL vertrueden. Dësen huet Donneschdes den 3. Oktober 2019 stattfonnt. Eis Meedercher hunn alles ginn, a sinn ob enger ganz gudder drëtter Plaz gelant. Mir gratuléieren eise Meedercher fir déi staark Leeschtung!  

Ekologeschen Stage Borkum

D’Schüler vun der 3C2 a vun der 2C2 waren vum 10. Juni bis zum 15. Juni op der Insel Borkum fir en Deel vum Schoulprogramm praktesch unzegoen: si hunn en ekologeschen Stage gemaach. All Dag, a bei all Wieder waren si dobaussen um Terrain fir ze beobachten, ze moossen, ze …

Ausfluch op Metz

D’Gewënner vum Liesconcours 2019 hunn den 8. Juli um traditionellen Ausfluch deelgeholl, an deen ass dëst Joer op Metz gaangen. D’Schüler kruten eng Visite guidée vum Centre Pompidou (wou och déi impressionant Foto mam King Kong entstanen ass) a vun der Kathedral. An e bëssche Shoppe war och nach dran: …

Maach mat(h)

Nous félicitons la classe 5C1L pour avoir gagné la finale de l’édition 2019 du Rallye Mathématique Transalpin (Maach mat(h)) dans la catégorie des classes de Cinquièmes de l’enseignement secondaire classique.

Charityrun

5363€ hunn d‘Schüler a Schülerinne beim Charityrun wärend de Fuussendeeg 2019 gesammelt an un d‘ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt gespent an ënnerstëtzen esou e Bildungsprojet am Niger! Merci jidderengem, de gehollef huet, dass och dëst Joer de Charityrun e Succès war!

Lasel Gym Open 20. Juni

Den Donneschden 20. Juni huet den Lmrl mat enger Equipe vu 7 Meedercher um Gym Open vun der Lasel deelgeholl. Bei dëser Competitioun am Konschtturnen hunn eis Meedercher an 3 Disziplinne geturnt: Sprong, Buedem a Réck. Bei de Minimes huet d‘Lucie Gourdon (7C1) et op déi 1. Platz an d‘Alessia Castellucci (7C2) et op déi 3. Platz um …

Back to Top