Ausfluch op Metz


D’Gewënner vum Liesconcours 2019 hunn den 8. Juli um traditionellen Ausfluch deelgeholl, an deen ass dëst Joer op Metz gaangen. D’Schüler kruten eng Visite guidée vum Centre Pompidou (wou och déi impressionant Foto mam King Kong entstanen ass) a vun der Kathedral. An e bëssche Shoppe war och nach dran: Bicher, natierlech, an awer och e mysteriéise Loftballon vun engem Homard, deen d’Zuchrees zréck op Lëtzebuerg gutt iwwerstanen huet.

Back to Top