Chinois | 欢迎莅临 | 中文课程

Chinesësch gëtt am LMRL op der 4ème an engem Fakultativ-Schnuppercours (1 Stonn / Woch) ugebueden, fir Schüler a Schülerinnen en Androck ze vermëttelen, wéi Chinesësch opgebaut ass. Dee Cours ass KENG Viraussetzung, fir op der 3ème Chinesësch ze wielen, well op der 3ème gëtt d’Fach dann als 4. Friemsprooch mat 3 Stonnen / Woch ugebueden (Koeffizient 3), ebensou op der 2ème an op der 1ère mat der Méiglëchkeet, Chinesësch als Examensfach (Orale an Schrëftlëch) ze wielen.

Des Weideren huet den LMRL en Austauschlycée an Taiwan (R.O.C), an zwar Zhonghe Gaozhong 中和高中 (ZHGZ) zu Zhonghe, New Taipei City, Taiwan (R.O.C.). An deem Kader ass ët virgesinn, op der 2ème als Austausch an Taiwan ze reesen, fir de Partnerlycée kennenzeléieren a fir e Land a séng Kultur ze erliewen, an deem Chinesësch geschwat gëtt.

Bei Réckfroë kënnt der iech un den responsabelen Enseignant, den Här Yves Berna wenden (yves.berna@education.lu).

Back to Top