one2one

Am Joer 2017 ass eng iPad-Initiativ op nationalem Plang vum Ministère de l’Éducation Nationale et de la Jeunesse an d’Liewe geruff ginn. Wann Äert Kand op enger Klass mat iPad am LMRL ass, ass et Deel vun deem one2one-Projet, dee sech folgendermoossen zesummefaasse léisst:

De Schüler kritt en iPad vum CGIE, dem Centre de Gestion Informatique de l’Etat, zur Verfügung gestallt. Aktuell ass dat de regulären iPad, mat 32GB, engem Bluetooth-Clavier vu ZAGG an engem Apple Pencil. Op dësem iPad ass e Profil vum CGIE installéiert, deen et erlaabt, den iPad op Distanz ze verwalten, zum Beispill fir nei Software drop z’installéieren.

De Schüler, resp. seng Elteren, kritt den iPad subventionéiert a bezillt 50€ pro Joer fir d’Benotze vun der Tablet. De Schüler däerf säin iPad och matheem huelen an e während de Vakanze benotzen.

De Kontrakt, deen am Ufank erstallt gëtt, huet eng Lafzäit vu 4 Joer. No deene 4 Joer kann de Schüler fir e finalen Tariff vu 50€ den iPad ofkafen an en da fir privat Zwecker halen. Zu deem Zäitpunkt gëtt dann och de Profil vum CGIE erofgeholl an den iPad aus dem one2one-Inventaire erausgeholl.

E puer Umierkungen zum Programm:

  • Fir dass de Schüler en iPad ka kréien, muss hien offiziell op enger Klass mat iPad ageschriwwe sinn. Falls ee Schüler vun enger Klass mat iPad op eng regulär Klass wiesselt, muss hien den iPad nees zréckginn.
  • Duerch de one2one-Programm huet de Schüler d’Recht, fir eng Kéier während deene 4 Joer den iPad ersetzen ze loossen am Fall vun engem Hardware-Problem (zum Beispill wann de Bildschierm futti geet oder den iPad op de Buedem fält an duerno net méi geet). Dës eemoleg Prozedur kascht 100€.

Méi Detailer zum one2one-Programm fannt Dir op der offizieller Säit vum CGIE.

Den iPad am Schoulalldag vum LMRL

Wann e Schüler op 7e an den LMRL kënnt, kann hie wielen, ob hien op eng Klass mat iPad goe wëll. Traditionell hu mir zwou bis dräi esou Septièmë pro Joer, an déi kënnen och kombinéiert gi mat aneren Interessien, wéi zum Beispill Sport. Wann ee Schüler op enger Klass mat iPad ass, hëlt hie säin iPad am Prinzip mat an den nächste Joeren. Op 3e ass den iPad obligatoresch; all eis 3e-Schüler gi mat iPads ekipéiert, well mir d’Erfarung gemaach hunn, dass den iPad eng grouss pädagogesch Plus-value ka sinn. Duerch den Asaz vu digitale Moyene gëtt de Schüler responsabiliséiert, ka säi Wëssen op eege Fauscht nach verdéiwen a gëtt och op eng digital Zukunft an der Beruffswelt respektiv op der Uni besser virbereet.

D’Schüler kréien all vun der Schoul eng Apple ID ugeluecht. Doduerch kréie si automatesch Accès op 200GB gratis Späicher an der Cloud, fir all hir Donnéeën an Dokumenter. D’iPads sinn och deelweis gespaart, jee no Altersstuf. Am Cycle inférieur dierfen d’Schüler keng eegen Apps installéieren; am Cycle Supérieur setze mir op d’Disziplin an d’Responsabilitéit vum Schüler selwer. Des weidere ginn op verschidde Sektiounen och vill digital Solutiounen, notamment op der Konscht-Sektioun, sou dass d’Schüler do och fräi mat hire Lieblingsapps experimentéiere kënnen.

Nieft de Fräiheeten, déi mir eise Schüler erlaben, gëtt et awer och eng Rei Flichten, an eng gewësse Rigueur an Disziplin op der Säit vum Schüler gëtt och erwaart. Falls et zu Problemer mat der Opmierksamkeet komme sollt, hunn d’Enseignanten d’Recht an och d’Méiglechkeet, de Schüler hir iPads ze blockéieren an ze kontrolléieren, duerch Outile wéi Apple Classroom, mat deenen de Schüler hir Bildschiermer kënnen op Distanz gekuckt ginn. Wichteg ass hei, dass dat just am Kontext vun der Schoul ka geschéien; en Enseignant kann net engem Schüler säin iPad kontrolléieren, wann deen doheem oder soss ausserhalb vun der Schoul ass.

D’digital Charta vum LMRL

An eiser Schoul gëtt et eng Charta fir den Asaz vum iPad an och aneren technesche Geräter, déi d’Schüler vun den iPad-Klassen ausgedeelt kréien an och ënnerschreiwe mussen. Dëst Dokument fannt Dir hei ënnendrënner; d’Schüler si verflicht, sech un déi Reegelen ze halen.

LMRL Digital Charta

Wéi eng Apps kommen zum Asaz?

Am Allgemenge probéiere mir, mat gratis Apps oder mat Apps, déi op déi de Schüler souwisou schonn Accès huet, ze schaffen. Dëst bedeit, dass den Office 365 ganz staark zum Asaz kënnt. Mir setze ganz vill op de Microsoft OneNote, esouwuel fir d’Heft ze digitaliséieren wéi och fir de Contenu vum Cours auszedeelen. De Microsoft Teams gëtt op quasi all de Klassen agesat, fir tëscht Schüler an och tëscht Enseignanten an Schüler ze kommunizéieren, während Microsoft OneDrive et erlaabt, fir einfach Dokumenter ofzespäicheren an auszetauschen. Op der Konschtsektioun kommen nach eng Rei weider Apps zum Asaz, wéi zum Beispill de Procreate. Am Klassesall selwer kann den Enseignant och mat Apple Classroom oder JamfSchool d’iPads vun de Schüler kontrolléieren oder blockéieren.

Den iPad doheem

Den iPad ass e wichtege Léieroutil op enger iPad-Klass; en ersetzt zum Deel d’Heft an d’Buch an erlaabt et den Enseignanten och, nei Methoden auszeprobéieren, déi iwwert den traditionelle Klassesall erausginn. Och fir den Enseignement à distance huet den iPad sech als extrem wichtegt Outil erausgestallt. Dëst bedeit, dass den iPad och ausserhalb vun de reguläre Schoulzäiten zum Asaz kënnt, fir Hausaufgaben, Projeten, an och fir ze léieren. Allerdéngs kënne mir als Enseignanten net iwwerpréiwen, wat Äert Kand mam iPad doheem mécht; aus deem Grond si mir och op Är Kollaboratioun ugewisen. Äert Kand kritt duerchaus Aarbecht, fir doheem um iPad ze schaffen; wann dat awer gréisser Ausmoossen unhëlt an Äert Kand och zu spéider Stonn nach mam iPad do sëtzt, kann et gutt sinn, dass den iPad zu deem Moment fir rekreativ an net fir schoulesch Zwecker agesat gëtt. Dir hutt doheem duerchaus d’Recht, Ärem Kand ze soen, den iPad ewechzeleeën, an et hält och keen Iech dovun of, fir den iPad an enger zentraler Plaz am Haus iwwer Nuecht opzelueden amplaz bei Ärem Kand am Zëmmer. Wann Dir Zweiwel hutt, kënnt Dir iwwert Ärem Kand säi Log-in och roueg eist elektronescht Klassebuch, de WebUntis konsultéieren, an deem d’Hausaufgaben an d’Prüfungen opgelëscht sinn, oder och de Régent respektiv den Enseignant selwer kontaktéieren.

Wat maachen, wann et e Problem mam iPad oder den Accessoire gëtt?

Mir ënnerscheeden tëscht zwee verschidde Problemer: Hardware a Software/Kontrakter.

Wann et en Hardware-Problem gëtt (den iPad geet iwwerhaapt net méi un, de Bildschierm ass futti, d’Tastatur geet guer net méi), da muss de CGIE kontaktéiert ginn, via hire Site. Do muss dann e Formulaire ausgefëllt ginn, an de CGIE kontaktéiert Iech dann zréck. Wa si de Problem net direkt léise kënnen, da musst Dir mam iPad op Walfer fueren, wou de CGIE säi Sëtz huet.

Bei Softwareproblemer sollen d’Schüler sech un éischter Plaz un hir Enseignantë wennen; wann déi dann net weiderhëllefe kënnen, ginn et e puer Bezuchspersounen am Gebai, un déi den Enseignant si da weiderleede kann.

Mir hunn, gebaiintern, och en technesche Support fir Schüler, deen iwwer Microsoft Teams leeft. Iwwert e Link, deen d’Schüler matgedeelt kréien, hu si d’Méiglechkeet, technesch Froen ze stellen an déi da vun anere Schüler oder vun Enseignanten, déi sech mat dem one2one befaassen, beäntwert ze kréien.

De Projet d’établissement

Am LMRL ass vun 2017 bis 2022 e Projet d’établissement aktiv, den digitLMRL. Zil vun deem Projet ass et, fir d’Enseignanten an d’Schüleren ze begleeden an hinne Ressourcen zur Verfügung ze stellen, fir den digitalen Alldag ze vereinfachen. Dëst bedeit, dass dem Groupe de pilotage seng Aarbecht staark an der one2one-Implementatioun vum LMRL verankert ass. Méi Informatiounen zu eisem Projet d’établissement fannt Dir op dëser Säit.

Back to Top