Lasel Gym Open 20. Juni

Den Donneschden 20. Juni huet den Lmrl mat enger Equipe vu 7 Meedercher um Gym Open vun der Lasel deelgeholl. Bei dëser Competitioun am Konschtturnen hunn eis Meedercher an 3 Disziplinne geturnt: Sprong, Buedem a Réck.

Bei de Minimes huet d‘Lucie Gourdon (7C1) et op déi 1. Platz an d‘Alessia Castellucci (7C2) et op déi 3. Platz um Podium geschafft. D‘Nora Kappler vun der 2CA1 gëtt mat senger super Leeschtung éischt bei de Senioren.

Eis Meedercher hunn alleguer esou gutt geturnt, dass mir am Gesamtklassement vun all de Lycée di 1. Platz gemaach hunn. Super Leeschtung Meedercher!

Back to Top