Ekologeschen Stage Borkum

D’Schüler vun der 3C2 a vun der 2C2 waren vum 10. Juni bis zum 15. Juni op der Insel Borkum fir en Deel vum Schoulprogramm praktesch unzegoen: si hunn en ekologeschen Stage gemaach. All Dag, a bei all Wieder waren si dobaussen um Terrain fir ze beobachten, ze moossen, ze notéieren … an owes hunn se hir Erkenntnisser am Klassesall a Labo ausgewäert an vervollstännegt. Et war eng Woch mat vill Aarbecht, mee si waren alleguer mat vill gudder Laun, Motivatioun an Disziplin dobäi!
E flotte Souvenir, fir d’Schüler an hir Proffen … den si och hiren Elteren op engem speziellen “Borkum-Owend” presentéiert hunn.

Back to Top