D’Geheimnis vum verschwonnene Sall

Elo ass et endlech souwäit. Déi éischt Bande dessinée vun eisem Lycée ass eraus.
Den Antoine GRIMÉE, den Auteur vun dësem Wierk an och Absolvent vun eiser Schoul, huet an d’ Geschicht mat vill Geschéck an Talent flott an detailléiert Vuen op eist Gebai, vu baussen a vu bannen integréiert. Jiddwerengem den emol am “Rodange” geschafft huet, sief et hannert oder virum Pult, wäert d’ Häerz opgoen a vill Erënnerungen un déi flott Zäit wäerten erëm kommen.

Am Sekretariat vum LMRL fir 15€.

Back to Top