Liesoncours 2022/2023

De Liesconcours vum LMRL encouragéiert zënter Joren eis Schüler dozou, fir an hirer Fräizäit ze liesen a sech mat verschiddenen Thematiken auserneenzesetzen. An als flotten Encouragement gëtt et esou guer nach eppes ze gewannen!

All Schüler, deen drun deelhuele well, wielt op d’mannst zwee Bicher aus der Lëscht op eiser Säit aus. Des Lëscht ass vun Enseignanten aus dem LMRL zesummegestallt ginn an ass an Alterskategorien agedeelt. All d’Sprooche kenne gemëscht ginn, zum Beispill een englescht Buch an ee franseischt. Et gett kee Limit no ewe fir d’Unzuel vu Bicher, dei kenne gelies ginn. Du mells dech iwwert en online Formulaire fir de Concours un a lies dann déi Bicher, fir dei s du dech ugemellt hues.

Am Januar ass dan den eigentleche Liesconcours via Microsoft Forms, e klengen online Test, an deem s du beweis, dass du d’Bicher gelies an och verstanen hues. Du méchs fir all Buch, fir dat s du dech ugemellt hues, esou en Test. Des Tester hu keen Afloss op deng Zensur, awer wann s du dech gutt klasseiers, da kanns du flott Präisser gewannen. Deng Äntwerte ginn och net mam « roude Bic » verbessert, esou dass du och kanns, an esouguer solls, a Sprooche matmaachen, an deenen s du nach net esou staark bass.

Scan einfach d’QR-Codes, mell dech un, a lass geet et!

Back to Top