Inscriptions 6e-1e

Aschreiwungen op Klasse vu 6e bis 1re

Du bass am Moment nach net am LMRL, mee an engem anere Lycée, an du wëlls dech informéieren, ob e Wiessel an den LMRL fir dech kann a Fro kommen.

Fir an den LMRL kënnen ze wiesselen, muss een natierlech eng Demande maachen (fir Schüler mat manner wéi 18 Joer muss eng Persoun mat ënnerschreiwen déi d’Autorité parentale huet):

  • Fir e Lycéeswiesssel froe mir grondsätzlech e Motivatiounsbréif (vum Schüler), ausser wann däi Lycée déi viséiert Klass net ubitt.
  • All Demande gëtt vum Direkter selwer gekuckt an eventuell ginn nach zousätzlech Informatiounen nogefrot.
  • Eng definitiv Aschreiwung kënne mir eréischt maachen, wann d’Schouljoer ofgeschloss ass (lescht Zensur ausgestallt, respektiv Ajournement gepackt oder net).
  • Ob mir eng Demande unhuelen hängt engersäits vun der Platz of déi mir op der viséierter Klass hunn, awer och vun der Qualitéit vun der Demande (Schoulresultater, Conduite, privat Engagement, …).
  • Wa mir d’Demande bestätegen, krit een och direkt matgedeelt, ob et Aschränkunge gëtt, wéi z.B. “Accord fir op eng 6e mee awer net fir eng Sportsklass”. Duerno muss een an da mat sengen Eltere kucken, ob een dat esou unhuele wëll oder op ee Wiessel an den LMRL verzicht.
  • Schüler déi schonn een iPad an hirer aktueller Schoul hunn, sollen dat an der Demande uginn. Vu dass all d’iPads dem CGIE gehéieren, ass et méiglech den iPad vun engem Lycée an den aneren matzehuelen.

Op 6e hu mir Sportklassen, eng Museksklass, Projetsklassen mat iPad an e puer Klassen ouni spezielle Profil. All déi Profiler kann e mat Latäin kombinéieren. Eventuell setze mir awer all Latinisten déi op enger Sportsklass sinn op 6e zesummen an déi selwecht Sportsklass (dat gëllt och fir déi aner Profiler) fir dass d’Stonnepläng net ze vill komplizéiert ginn. Eis Latinisten hunn all op 6e schonn een Engleschcours vun 3 Stonne pro Woch (an anere Schoulen fänkt d’Englesch eréischt op 5e un, an dofir hunn si op 6e jeeweils 1 Stonn manner Latäin, Franséisch a Geschicht. Op 4e hu mir eng Stonn Latäin méi, an dofir 1 Stonn Englesch manner. Duerch des Organisatioun ass ee Wiessel aus dem Latäin eraus zu all Moment méiglech, an de Programm op 5e a 4e am Engleschen ass fir Latinisten an Net-Latinisten dee selwechten.

Op 5e hu mir Sportklassen, eng Museksklass, iPadklassen an e puer Klassen ouni spezielle Profil. Méchs du an dengem aktuelle Lycée Latäin? Da muss du eng Opnahmeprüfung am Englesche machen fir an den LMRL, well eis Latiniste vu 6e hunn Englesch a maachen op der 5e de Programm vum 2. Joer.
All eis 5e-Klassen fueren op e Stage vun enger Woch am Ausland: d’Sportsklassen gi surfen an Holland, an déi aner Klassen entweder an de Wantersport an Éisträich oder un d’Mier an déi franséisch Bretagne.

Op 4e kréien all eis Schüler een iPad (wann se net schonn een hunn) mat Clavier/Housse an engem Apple Pencil. Mir hunn op 4e eng Museksklass, e puer Sportsklassen an e puer Klasse mat normalem Profil. Op e puer Klassen hunn d’Schüler schonn säit 7e Erfahrung gesammelt mat engem iPad.

Op 3e bidde mir folgend Sektiounen un: A, B, C, D, E a G. Vu dass mir e grousse Lycée sinn, wäerte mir wuel 2 Klassen vun de Sektiounen C, D a G kréien. Et ka virkommen, dass et gemëschte Klasse gëtt, wéi zum Beispill B an C zesummen oder D a G. All eis 3e Klassen si mat iPads équipéiert (eis Schüler kruten hiren iPad entweder schonn op 7e oder op 4e)

Op der 3eA wielt all Schüler eng zousätzlech Sprooch, déi e bis op 1re weider verdéift. Bis elo haten d’Schüler de Choix tëschent Spuenesch an Italienesch. Déi Coursen fänke bäi Null un a ginn awer relativ wäit, well op 3e sinn et 3 Stonne pro Woch an op 2e a 1re jeeweils 5 Stonne pro Woch. Am Lycée Michel-Rodange gëtt och Lëtzebuergesch als 4. Sprooch ugebueden. D’Stonnenzuel ass déi selwecht wéi bäi Italienesch a Spuenesch, mee dëse Cours riicht sech net un Ufänger mee u Schüler déi d’Sprooch mëndlech korrekt beherrschen (de préférence Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn). Am Cours geet et ëm Grammaire a Rechtschreiwung mee awer och iwwer d’lëtzebuerger Literatur, d’Kultur an d’Geschicht.

Op de Sektiounen B bis G bidde mir eise Schüler och scho säit 4 Joer d’Méiglechkeet, eng weider Sproch ab 3e ze léieren, an dat bis op 1re an am Examen. D’Schüler hunn de Choix tëschent Spuenesch, Italienesch, Chinesesch a neierdéngs Lëtzebuergesch vum Hierscht 2022 un. Wéi op der 3e A huet dëse Sproochecours op den 3e B bis G 3 Stonne pro Woch. Anescht wéi op der Sproochesektioun geet et awer op den anere Sektounen mat 3 Stonne pro Woch op 2e a 1re virun (wann e mat der Sprooch wëll weider fueren), woubäi een dann op 2e a 1re Däitsch oder Franséisch als Sprooch weg léisst (des Organisatioun huet sech scho bewährt, an eis éischt Grupp vu Schüler huet d’lescht Joer Spuenesch, respektiv Italienesch am Examen, an natierlech och um Diplom, gehat).

Déi Schüler, déi Lëtzebuergesch vun 3e bis 1re maachen (op A oder enger anerer Sektioun) hunn d’Méiglechkeet, den ZLSK (Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur) mat hirem Premièresdiplom ze kréien (si mussen just nach zousätzlech zum Cours de Volet Pédagogie vum ZLSK absolvéieren; mir wäerten eise Schüler déi Méiglechkeet bidden an Zesummenaarbecht mat dem INL, den offiziell den ZLSK ausstellt). Domat däerfen si direkt no der 1re (als Student oder méi spéit) selwer offiziell Lëtzebuergeschcoursen ginn a kréien dat no dem Tarif vum Stat bezuelt.

Op der Sektioun E (Konscht) huet een am LMRL de Choix tëschent dem normale Mathéscours (3 Stonne pro Woch) oder méi engem staarke Cours (5 Stonne pro Woch, selwechte Programm wéi d’Sektioun D) vun 3e bis 1re. Domat kann de Schüler seng Chance verbesseren fir duerno Architekturstudien ze meeschteren. 

Op der 2e an der 1re hu mir de nächsten Hierscht d’Sektiounen A, B, C, D, E an G. All eis Schüler vun 2e a 1re hunn een iPad a si gewinnt domat ze schaffen. E Schüler deen op 3e keng 4. Sprooch hat kann ufroen  fir op 2e an d’Spuenesch oder d’Italienesch ze goen mee fir ugeholl ze ginn, ass een Opnahmtest an der Sprooch ze maachen.

Hei fannt dir demnächst d’Aschreiwungsformulairen:

D’Formulairen sinn auszefëllen an am Sekretariat ofzeginn mat de noutwennegen Annexen. Dir kënnt eis den Dossier och per Post schécken (w.e.g. net per Mail). Demanden fir d’nächst Schouljoer sollen nom Enn vum 2. Trimester geschéckt (mat Zensuren vum aktuelle Schouljoer).

Télécharger 2024-2025-Nouvelle-Admission-3e-1re.pdf – 197,54 Ko Télécharger 2024-2025-Nouvelle-Admission-7e-4e.pdf – 176,95 Ko
Back to Top