Projet d’établissement

Ausgangsidee

An der Charta vun eisem Lycée steet geschriwwen: „Selwerbestëmmt erschaffen, vu Wëssen dat ass
top”.
Fir des Selbstbestëmmtheet ze fërderen, wëlle mir an dësem Projet eis jonk Fiissercher doranner
ënnerstëtzen, fir mei autonom a responsabel ze ginn, an se z’ermonteren och mol selwer d’Initiative ze
ergräifen.
Bei eis am Lycée gëtt et schonn vill flott Projeten, wéi d´Fuussendeeg, de Fuusserallye, Theater, de
Spektakel, Sport, MEGA-Club asw. Be CreActive – Make a Change setzt sech zum Ziel, fir nach mei
Synergien ënnert deene Projeten hierzestellen.
“De Fuuss ass engagéiert, setzt sech fir anerer an”, dowéinst soll de Fokus op der Nohaltegkeet,
Emweltthemen, sozialen a kreative Projeten leien.

Ëmsetzung

Fir eis Zieler ëmzesetzen, huet de Groupe de Pilotage vum Projet d’établissement sech fir verschidden
Virgoensweisen entscheet, déi awer all mateneen verbonne sinn:

  • Projets-7e: Dës Klassen hunn zwou Wochestonnen, wou se
    zesummen mat zwee Enseignanten Projeten plangen,
    ëmsetzen a presentéieren.
  • Projets-Büro:
    • D’Schüler vun alle Joergäng kennen an dëse Büro
      kommen, wann se Loscht hunn, selwer e Projet ze
      realiséieren, awer Ënnerstëtzung bei der
      Realisatioun brauchen
    • Am Laf vum Projet d’établissement sollen hei
      Materialien ugeschaaft an erstallt ginn, déi d’Enseignanten sech kennen ausléine
      kommen, wa se mat Schüler Projetsaarbecht plangen (z. B. Toolbox mat
      pedagogeschem Material)
  • Formatiounen/ Workshops
    • Fir d’Schüler: An ënnerschiddlechen Workshops solle se verschidde Beräicher
      kenneléieren, wou se sech selwer engagéiere kennen
    • Fir Enseignanten: An dëse Formatiounen soll d’ Léierpersonal d’Méiglechkeet kréien
      Methoden fir Projetsaabrecht mat Jugendleche kennenzeléieren

De Projet d’établissement gëtt geleet vum: Laurence Baum (Cheffe de Projet), Patrick Brücher, Elodie
Decker, Sandra Galli, Jean-Claude Hemmer, Tonia Mariotto, Toinon Schmit (Cheffe de Projet), Claire
Simon, Paul Weber.

Feedback a Froen kënnt dir un becreactive Form schecken.

Als PDF erof lueden:
Be-CreActive-Artikel-Site.pdf

Back to Top