MATINEE EN ENTREPRISE

Den 28.Mäerz 2022 war et endlech souwäit:  Déi 1. Matinée en Entreprise fir 4è Schüler am LMRL war lancéiert.

Dës 1. Oplag war esou e groussen Erfolleg a leider net all eis 4è Schüler  konnten drun deelhuelen, wat zum Deel op d’ Corona – Pandemie zréckzeféieren war, zum Deel awer och op d’ Tatsaach, dass dës 1. Matinée ganz bewosst an engem méi kléngen Kader sollt stattfannen.

6 Entreprisen resp. Administratiounen, dorënner RTL, de Rehazenter, d’BIL, d’Maison de l’Orientation, de Naturmusée an d’Cité Judiciaire hunn eise Schüler et erméiglecht an ca 2 Stonnen en Abléck an d’ Aarbechtswelt ze kréien an kuerz hannert d’ Kulissen vun deenen eenzelnen Betriber ze kucken.

Begleet goufen dës Schüler vun Memberen vum SePAS ewéi och vun Assistants pédagogiques.

Vill positiv Réckmeldunge krute mir vun de Schüler, déi un dëser Matinée deelgeholl hunn an an engem Punkt waren d’Schüler sech alleguerten eens: d’ Matinée en Entreprise soll e feste Bestanddeel vun hirem Cursus scolaire am LMRL bleiwen.

E grousse Merci och all deene Schüler, déi eis e kléngen Artikel mat hieren Erfahrungen vun dëser  1. Matinée en entreprise zoukomme gelooss hunn.

Klickt hei fir an de Genoss vun dësen flotten Impressiounen ze kommen.

Feedback-Schuler-Site

Back to Top