Musek fir d’Ukraine

D’Schüler aus dem Michel Rodange hunn den 6. Mee 2022 en Spendenconcert vir d’Ukraine organiséiert. Den Concert war en groussen Erfolleg virun allem wann een bedenkt dass si alles ouni Hëllef vun Proffen gemaach hunn. Et gouf en ofwiesslungsräichen Programm mat Gesang, Orchester, Danz an nach villen aneren Projeten, wou jiddwereen säin Talent weisen konnt. Kolleegen, Elteren, Proffen an Leit vun ausserhalb sinn eis Schüler ënnerstëtzen komm an hunn fläisseg gespent sou dass mir den Leit an der Ukraine hoffentlech e bëssen weiderhëllefen konnten.

Gina, Louise, Anne

Back to Top