Fuussendeeg 12. + 13. Mee 2022

Zwee Deeg laang hunn d’Klasse vu 7e bis 2e un Workshops an Aktivitéiten innerhalb an ausserhalb vum LMRL deelgeholl. Dëst Joer stoungen des Projetsdeeg ënner dem Motto “HOME”. Wat ass mäin Doheem? Wéi definéieren ech mäin Doheem? Wat gehéiert zu mengem Doheem. Dëst sinn nëmmen e puer Froen déi an de sëllegen Aktivitéite wéi “Ancrer ses racines”, “Identités et migrations”, “Mein Beitrag zur Ressourcenschonung”, “Stëmm vun der Strooss” ugeschnidden an diskutéiert goufen. D’Klasse vun 3e an 2e konnten un Beruffsvirstellungen deelhuelen. Donieft goufen awer och Visitte vun eisem Land organiséiert, z.B op Buerglënster, op de Wenzelpad, de giele Botter, an d’Chambre des Députés an an d’Geriicht asw. Och handwierklech Aktivitéite stoungen um Programm. U folgenden Aktivitéite konnten d’Klassen dëst Joer deelhuelen: “Upcycling mat Jeans”, “Figuren aus Fimo”, “Entworf vun eisem Haus” oder och nach um Stréckatelier asw. Ofschléissend huet och den traditionelle Fuusserallye fir eis 7e-Klasse stattfonnt, dee mat enger flotter Präisiwwerreechung ofgeschloss gouf. Et waren zwee ganz intensiv Deeg, déi de Schüler*innen nei Perspektive sollen opmaachen. Mir freeën eis elo schonn op eng nei Editioun 2023!

Back to Top