Matinée en entreprise 2024

De 25. Mäerz 2024 huet déi drëtten Editioun vun der “Matinée en entreprise” stattfonnt. Iwwert 190 Schüler vu 4e konnten dobäi insgesamt 10 Entreprise besichen. Dorënner waren d’Cité judiciaire, d’CFL, de MUDAM, RTL, de CDA, Paul Wurth, d’BIL, d’Bourse de Luxembourg, d’Hôpitaux Robert Schuman an d’Philharmonie. D’Mataarbechter stoungen onse Schüler dobäi och Ried an Äntwert bei all Fro iwwert d’Entreprise, di vertruede Beruffsbiller an déi néideg Studien oder Ausbildungen.
Och dëst Joer war et erëm eng flott Erfarung fir all Bedeelegten a mir soen den Entreprisen e grousse Merci fir dës wäertvoll Geleeënheet!

CFL

Bei enger Visitt vun der CFL konnten d’Schüler net nëmmen entdecken, vu wou aus de gesamten Zuchtraffic zu Lëtzebuerg gesteiert gëtt, mee se kruten och erkläert wéi dëst fonctionéiert an op wat dobäi muss opgepasst ginn. Nieft dëser wichteger Tätegkeet konnten se dann och nach den Zuchsimulator probéieren, sech selwer als Zuchführer beweisen an dobäi gesinn, dass och dat e grousst Mooss u Konzentratioun an Opmierksamkeet erfuerdert, virun allem, wa wéi aus dem Näischt eng Kou op de Gleisen optaucht…

Cité judiciaire

Méindes de 25. Mäerz 2024, krute mir, 20 Schüler vun de 4ièmesklassen aus dem Lycée Michel Rodange, d’Méiglechkeet wärend  der Matinée en entreprise eng Visite vun der « Cité judiciaire » ze maachen.

Do ukomm, goufe mir vum Här Henri Eippers, Porte parole de l’administration judiciaire, empfaangen an hien huet eis dee ganze Moie begleet an eis iwwert d’Justiz zu Lëtzebuerg opgekläert. Um Ufank hu mir geléiert wéi eng Geriichter et esou ginn, dorënner d’Friddensgeriicht, d’Bezierksgeriicht an d’Jugendgeriicht, a wat hir Fonctioune sinn. Dono konnte mir eis e puer Geriichtsaffairen um Friddensgeriicht ulauschteren, woubäi mir gesinn hu wéi dat sou verleeft a kruten en Abléck an d’Aarbecht vun der Riichterin, dem Ministère public, den Affekoten an der Greffière . Bei engem Fall ass et em e Mann gaangen, deen em Mëtternuecht vun der Police ugehal gouf, well säin Auto reperaturbedierfteg war an et him dowéinst net zougelos war sou domat ze fueren. Deejéinegen huet erkläert hie wier anscheinend um Wee bei e Mecanicien gewiescht, wou hien den Auto sollt ofginn an den Autosschlëssel an d’Boîte geheien. Dorop huet d’Riichterin de Mann du gefrot wéi hien dann dono hätt sollen heem kommen an deen huet erzielt,  en hätt solle bei engem Kolleeg, deen an der Géigend wunnt, iwwernuechten, wat awer éischter wéi eng Ausried geklongen huet.

 Eng aner Klo koum vun engem Mann, deen erzielt huet e wier vu sengem Colocataire, deen um Geriicht awer net présent war, mat enger Aaxt bedrot ginn.

Et war op alle Fall interessant ze gesinn, wéi d’Riichterin bei dësen Aussoe reagéiert huet a probéiert huet logesch ze denken an déi richteg Froen ze stelle fir rauszefannen ob den Ugekloten, bezéiungsweis d’Partie civille litt.

Wärend enger klenger Paus, kuerz éier et mat deenen nächste Fäll weidergaangen ass, hate mir déi grouss Chance, der Riichterin e puer Froen iwwert hier Aarbecht stellen ze kennen. Si huet sech Zäit geholl, eis alles léif ze beäntwerten an huet eis immens interessant Saache gezielt, déi ville vun eis, virun allem deenen déi spéider gären Droit géinge studéieren, vill bruecht hunn.                        

Um Enn vum Moien hu mir eis nach d’Bezierksgeriicht, wou déi méi komplizéiert  lafen, ugekuckt an den Här Eippers huet eis nach e bësse méi den Oflaf vun esou enger grousser Geriichtsverhandlung, bei där deelweis dräi oder souguer fënnef Riichteren um Riichterdësch setzen, fir sécher alles matzekréien, erkläert a mir konnten eis en Dossier ukucken dee vum Greffier an deelweis vum Riichter geschriwwe gouf.

Des Visite war wierklech eng super Geleeënheet fir beräicherend Erfarungen ze maachen, déi ville vun eis immens gehollef hunn sech net nëmme méi kloer iwwer d’Entscheedung vun hirem Studium ze ginn, mä och fir einfach mol eng Anung ze kréien wéi de Justizsystem zu Lëtzebuerg sou fonctionéiert.

E grousse Merci un den LMRL, eis Direktioun a Proffen, an natierlech un den Här Henri Eippers, d’Juriste mat deene mir geschwat hunn an déi aner Mataarbechter vun der « Cité judiciaire  », déi eis dëse flotten an informative Moien erméiglecht hunn.

  • Emma Conzemius, 4C09
Back to Top