Gemengenwalen am LMRL

Den 11. Juni 2023 fannen zu Lëtzebuerg d’Gemengwale statt. Am Kader vun eisem Projet d’établissement BeCreActive-Make a Change goufen zu dem Ulass zwou Aktioune lancéiert: Zesumme mam Jugendrot gouf eng Table ronde organiséiert an d’Super-Wal-Kiermes (vum ZpB) ass an eise Lycée komm.

Table Ronde

Un der Table Ronde, ënnert dem Motto „Jonk wielt – Wielt Jonk!“, déi vun der Madame Sandra Galli organiséiert gouf, hunn 120 SchülerInnen vun 3e an 2e aus dem Lycée Michel-Rodange deelgeholl.
Vun de Jugendparteien waren 7 Kandidaten präsent:

  • ADRenalin – Woroszylo Maksymilian
  • CSJ (Chrëschtlech Sozial Jugend) – Donnersbach Alex
  • JDL (Jonk Demokraten) – Da Costa Hugo
  • Déi Jonk Gréng – Costa Fabricio
  • Déi Jonk Lénk – Iampolskaia Anastasia
  • jonk Piraten – Godefroid Mathis
  • JSL (Jonk Sozialisten) – Molitor Max

D’SchülerInne konnte mat de jonke Politiker diskutéieren an hinnen Froen zu verschiddenen aktuelle Sujeten, wéi dem ëffentleche Verkéier an der Sécherheet, awer och dem Bevölkerungswuesstum an der Logementspolitik stellen.

Super-Wal-Kiermes

D’Super-Wal-Kiermes gouf am Kader vun de Gemengewalen vum Zentrum fir politesch Bildung an d’Liewe geruff. Am ganzen hu fënnef Klasse vun 3e an 2e an enger Aart klenger Kiermesbud demokratesch Prinzipie kennegeléiert: e Glécksrad mat Froen zu de Gemengewalen; Béchse stapelen mat Aspekter, déi de Schüler an enger Demokratie wichteg erschengen an Intefëschen, wou se och je no Farw vun der Int Froen zu ënnerschiddlche politësche Beräicher gestalt kruten. Zum Schluss kruten déi Jonk dann och nach eng Tuut Popcorn.

Back to Top