Boardgame Convention mat der 2E

D’Schüler vun der 2E hun un der Boardgame Convention vum Casino Luxembourg,Forum d’Art Contemporain deelgeholl. Am Laf vum Trimester hun sie an hiren Fächer ‘Conception tridimensionnelle‘ an ‘Communication visuelle’ Briedspiller erfonnt an designed dei am Zesummenhang mat der aktueller Ausstellung am Casino stin.  D’Resultater loossen sech weisen an mir sin stolz op eis Schüler dei immens kreativ waren an vill Zeit an Aarbescht investeiert hun. D’Gewennerspiller bleiwen iwwert de Summer am Casino wou se gespillt kennen gin.

Back to Top