Fuussendeeg 2019

D’Fuussendeeg 2019 stoungen ënner dem Motto « old school? » an hunn den 2. an den 3. Mee 2019 stattfonnt. D’Schüler konnten sech a flotten themateschen Atelieren aschreiwen a mol der Fro nogoen: Wat ass eigentlech « old school »: Strécken, Puzzle-Challenge, Bitzen, Seefen hierstellen,  oder och nach Fotoe wei fréier entwéckelen, sinn nëmmen e puer Aktivitéiten, déi wärend deenen 2 Deeg ugebuede gi sinn. Et hunn awer och vill Aktivitéiten ausserhalb vun der Schoul stattfonnt an och hei sinn d’Schüler der Fro nogaangen, wat « almoudesch » ass. Politik? Eis Geschicht? De Goethe? D’Visite vun der Chambre des Députés oder och vum Musée des Mines zu Rëmeleng sinn op grousst Interesse gestouss. An dass de Goethe och emol zu Lëtzebuerg war, sinn d’Schüler op engem flotten Tour duerch d’Stad gewuer ginn. Bei de Fuussendeeg kennt awer och déi gutt « Cause » net ze kuerz. D’Schüler vu 7e a 6e hunn um Charityrun participéiert a Sue fir d’ONG Guiden a Scouten fir eng Welt gesammelt an ënnerstëtzen domat en Bildungsprojet am Niger.

 

No de Fuussendeeg ass virun de Fuussendeeg – mir freeën eis schonn op eng nei Editioun 2020.

 

Impressioune vun de Fuussendeeg 2019:

Back to Top