Fuusserallye 2019

De Fuusserallye 2019, deen dëst Joer den 8. Mee stattfonnt huet, stoung ënnert dem selwechte Motto, wéi och eis Fuussendeeg: „Old School?”. Op 18 Stänn duerch d´Stad Lëtzebuerg hunn 24 Gruppen vun 7iémes Schüler an der Classe d´Accueil Spiller gemaach, Rätsele geléist an sech sportlech betätegt. Dëst Joer gouf et dann och eng Neierung par rapport zu deen Joeren virdrun. D´Schüler haten keen Roadbook aus Pabeier méi dobäi, fir de Wee ze fannen, mee se sinn iwwert d´App Actionbound vun engem Stand bei deen aneren geleet ginn.

No deems d´Gruppen hiren Tour am verreenten Wieder um 20:00 ofgeschloss haten, gouf et nach e gemeinsamt Owesiessen an d´Präisiwwereechung am Lycée Michel-Rodange.

Mir freeën eis schonn op de Fuusserallye 2020, des Kéier mat hoffentlech besserem Wieder.

Back to Top