ZAMUN 2015

zamun

Hutt dir schonn vun ZAMUN héieren? Nach net? Ma dat ass eng Konferenz: Žilina Model United Nations Conferenz. Déi fannen all Joer an der Slowakei zu Žilina statt. Zu puer Schüler (Valeria Franco, Pitt Sietzen, Elisabeth Diehl, Anne-Sophie Mangen) aus dem Michel Rodange sinn mir vum 7.-11. Abrëll 2015 begleed vun der Madame Galli dohinner gaangen. Iwwer déi verschiddensten Themen gouf debattéiert, wei zum Beispill: ICAO (Airspace Security), Security Council (Suppression of the financing of terrorist groups) an nach vill méi. Während deem éischten dach an een gutt Stéck vum zweeten Daach, huet jiddwereen an sengem Komiteeën iwwert déi verschiddensten Themen diskutéiert. Uschléissend hunn mir eis vir eng GA (Global Assembly) versammelt, wou mir zesummen eng Léisung vir d’Problemer am Bezuch zu den Ressourcen an der Arktis gesicht hunn. Jiddwereen huet während deenen dräi Deeg een Land an dem seng Iddien an Virstellungen vertrueden, déi net onbedéngt déi eegen waren. Am Enn vum Nomëtten haten mir all Daach Fräizäit, wou mir eis selwer konnten beschäftegen oder un den organiséierten Aktivitéiten deelhuelen, wei Bowling, Spa, oder d’Staat besichen. Och eng Party gouf organiséiert als klengen Abschid vun deenen aneren Schüler. Ech hat déi eemoleg Chance leit aus Israel, Indien, Spuenien,Finnland, Däitschland, Slowakei an nach aneren Länner kennenzeléiren. Ech konnt mir an deenen puer Deeg eng Iddi maachen vun wei et bei enger Debatt ofleeft an wei wichteg et ass als eenzelnen seng Meenung zum Ausdrock ze bréngen. Ech hunn och konnten nei Frënn maachen an een neit Land besichtegen an behalen domadder eng gutt Erënnerung un ZAMUN 2015.

Back to Top