Präisiwwerreechung Walfer Vollekslaf « Challenge Marc Savic »

img_5525No de gudde Resultater vun eise Schüler um Walfer Vollekslaf « Challenge Marc Savic », si mir op der Walfer Gemeng fir d’Präisiwwerreechung empfaange ginn. Den Här Hemmer an de Sven Gauthier si vun dräi Schüler begleet ginn. Dës Schüler hu stellvertriedend fir all d’Schüler déi deelgeholl hunn, Präisser an Empfang geholl. De Pol Bast huet de Präis vun de Jongen fir déi ganz gutt 2. Platz (200 Euro), d’Caroline Reuter huet de Präis vun de Meedercher fir déi excellenten 1. Platz (300 Euro) an d’Helena Droste huet stellvertriedend de Präis fir déi meeschte Schüler (500 Euro) iwwerreecht krut. Insgesamt waren dat 1000 Euro fir eis Schoul, déi natierlech fir eis Schüler vum LMRL investéiert ginn.

E grousse Merci nach emol un déi 171 Schüler déi um Laf deelgeholl hunn.

Back to Top