Wale fir de Schülercomité

Léif Schüler/Innen,

Dëst Joer erëm sou wäit; d’Schülercomité Walen stinn virun der Dier.

Eist Ziel ass et och dëst Joer erëm richteg Walen ofzehalen (mat Kandidaturen, Walprogramm an Ofstëmmung). Dofir brauche mer mindestens 14 Kandidaten (de Schülercomité besteet aus 13 Persounen, dovunner minimum 3 aus dem ënneschte Zyklus a 4 aus dem ieweschte Zyklus).

Wann dir motivéiert sidd, Iech ënnert anerem fir d’Schüler an ärer Schoul anzesetzen an hier an är Interessen ze vertrieden, Projet’en an Evenementer ze organiséieren, bei der Organisatioun an Verbesserung vun der Schoulatmosphäre bäizedroen, kennt der de Formulaire fir är Kandidatur gär vum 21. September 2020 bis spéitstens den 30. September 2020 an de SePAS siche kommen.

Falls Dir nach weider Froe sollt hunn, mellt Iech am SePAS, op der Nummer 2604-7120 oder per mail: etudes@lmrl.lu

Back to Top