iPads, iPads, iPads!

Wann eis déi lescht puer Méint eppes gewisen hunn, dann, dass et en enorme Virdeel ass, wann een doheem technesch ekipéiert ass, fir e Cours op Distanz matzemaachen. Dofir sinn och dëst Joer nees eng ganz Rei Klassen aus dem LMRL mat iPads ekipéiert ginn. Am Laf vun der leschter Woch hunn esou iwwer 250 iPads aus dem one2one-Projet en neit Doheem fonnt, bei de Schüler vun dräi 7e-Klassen (7C2, 7C8 a 7C9) an och all den 3e-Schüler. Fir et mat de Wierder vun enger 7e-Schülerin ze soen: “Dat hei ass wéi Gebuertsdag a Chrëschtdag mateneen!”

Mir wënschen eise Schüler vill Freed mat hiren Tablets an hoffen, dass dësen Outil hinnen hëlleft, fir dës komesch Zäite besser z’iwwerstoen.

Back to Top