Rethink your clothes

E puer Schüler aus dem LMRL-Charitygrupp, der Option Bénévolat an dem HOPE Club hunn den 15. Juni 2019 um Projet Rethink your clothes (https://www.caritas.lu/rethink-your-clothes) deelgeholl, deen vun der Caritas Luxembourg an dem Fairtrade Luxembourg organiséiert ginn ass.

De Projet soll drop opmierksam maachen, dat weltwäit ca. 60 Millioune Mënschen am Kleedung-Secteur schaffen a vill vun hinnen ausgenotzt ginn. Laut Caritas wunnen 70% vun dësen Aarbechter an Asien an 80% dovunner sinn Fraen. D’Aktioun soll awer och weisen, dat et méiglech ass, méi verantwortungsvoll mat eisem Kleederkonsum ëmzegoen, an deem een sech net ëmmer nëmmen néi Kleeder am Buttek keeft, mee och gebrauchte Saachen duerchaus nach ganz gutt sinn.

Et war e Vide-dressing-interscolaire, bei deem et drëm gaangen ass, gebrauchten awer nach gutt Kleeder fir e klenge Präis ze verkafen. D’Suen, déi d’Schüler erakritt hunn, ginn fir e gudden Zweck benotzt an en Deel vun de Kleeder, déi net verkaf gi sinn, well leider net esou vill Léi de Wee deen Dag an de Forum fonnt haten, gi während dem Schoulfest op engem Stand ugebueden.

Back to Top