Remise des Insignes – Mérite Jeunesse

Gratulatioun fir d’Louise Hougardy (Niveau Bronze), d’Lana Klein Schwager (Niveau Sëlwer)an d’Sara Vaccino (Niveau Sëlwer), déi de 5. Mäerz hier Auszeechnung vum Mérite Jeunesse (Duke of Edinburgh Award) kritt hunn. (D’Louise konnt leider net bei der offizieller Remise dobäi sinn.)

D’Auszeechnungen goufe bei enger feierlecher Zeremonie am Bäisinn vum Prënz Guillaume, dem Ierfgroussherzog Guillaume an dem Minister Claude Meisch am Forum Geesseknäppchen iwwerreecht.

Back to Top