Nowuess am LMRL

2 Méint hu mer misse waarden bis aus den Eeër, déi ons Kinnekspython geluecht hat, 4 kleng Schlaange geschlüpft sinn. Déi pergamentarteg Eeër sinn am Inkubator waarm gehale ginn an d’Schlaangen hate beim Schlüpfe schonn eng Längt vu 35 cm. D’Kinnekspython ass eng éischter kleng Würgeschlaang, déi maximal 2 Meter laang gëtt a normalerweis a West- an Zentralafrika lieft. Der Mamm an deene Klenge geet et gutt.

Back to Top