LMRL-Sailing-Adventure: Editioun 2020 vun Regatta.lu

All Joer organiséiert de GLCR (Groupe Luxembourgeois de Croisière et de Voile) eng Regatta an der Bretagne. Dëst Joer war speziell, well den üblechen Datum am Abrëll 2020 op Ufank September 2020 verluecht gouf, wéinst dem Lockdown am Abrëll.

Während der Regatta trieden verschidden Seegelboter, besat mat Schüler aus ënnerschiddlechen Schoulen, géinteneen un. Dëst Joer waren et 27 Booter, den Equipage zesummegesat aus dem Skipper an Co-Skipper, souwéi 4-5 Schüler aus Lycéeën an Universitéiten.

Eise Lycée gouf vertrueden vum Boot 20 «Aloha», mat eisem Skipper Jérôme, Co-Skipper Daniel, an eis fënnef, Lucca, Noah, Yann, Bob an mir, Patrick. Eist Boot war eng Sun Odyssey 389 DL, e méi grousst a geraimegt Boot, wei déi meescht, mat engem Handicap vun 0.8658.

Et ass owes, den 31. August zu Lëtzebuerg fortgaangen, an no enger laanger Busrees, si mer den 1. September moies an der Bretagne um Port Haligan ukomm.

All Dag goufen e puer Coursen gefuer, éier mer owes rëm an en Hafen gefuer sinn. Mir waren déi éischt zwou Nuechten am Port Haligan, an déi zwou lescht am Hafen Le Palais op der Insel Belle-Île-en-Mer.

Den éischten Dag hu mer d’Boot kennegeléiert, an sinn déi zwou éischt Manchen fir d’Qualifikatiounsronn vun der Regatta gefuer.

No den leschten zwou Qualifikatiounsmanchen den 2. September goufen d’Gruppen fir d’Finall agedeelt. Mir waren am 2. Grupp mat eiser 19. Gesamtplatzéierung a 35 Punkten.

Donneschdes war et endlech souwäit: déi éischt Manchen vun der Finall!

Des Kéier hu mer eise Lycée besser vertrueden, mat enger véierter, enger drëtter, an souguer enger zweeter Plaz! Domat waren mer am Gesamtklassement op der zweeter Plaz!

Freides war leider komplett wandstell, an mir konnten net ouni Motor fueren. Dowéinst goufen och keng Manchen méi gefuer, mir hunn Anker geworf an sinn nach bësse schwammen gaangen.

Nom Mëttegiessen si mer dunn zréck an den Hafen gefuer, wou mer eis Booter hu missten ausraumen an ofginn. Mam Bus si mer dunn op Trinité gefuer, fir en lescht Owendiessen mat der Präisiwwerreechung.

De Restaurant «Chez Jaouen» haten mer ganz fir eis, an no engem gudden Iessen aus Austeren, Moulen a Fritten, ass et zur Präisiwwerreechung komm. Déi éischt dräi Plazen pro Grupp kruten e Pokal, an mir konnten eis iwwert eis 2. Plaz freeën. Nodeems d’Zeremonie fäerdeg war, gouf et nach Dessert, éier mer dunn an den Bus geklommen sinn fir heem.

D’Regatta war definitiv eng vun den spannendsten an flottsten Vakanzen vun eis.

E grousse Merci un den ganze Comité de Course, an un all déi Leit, déi d’Regatta trotz der Gesondheetskris organiséiert hunn, an natierlech, virun allem, un eis Skipperen fir déi flott Zäit um Schëff.

Back to Top