Den Ausfluch op Huelmes Enn Oktober 2017 vun der 7C7 am Kader vun » Meng Klass – en Team » war e vollen Erfolleg; no engem ustrengenden Trëppeltour an enger kuerzer Hënnt 🙂 huet de selwergemaachten Viz an d’Tarte flambée souwéi den Äpeltiramisu exzellent geschmaacht. (PM)