India Project 2015

Léif Schüler/innen,

India2015_1-1studLo stellt sech d’Fro; Wat ass den Indien Projet? Den Indien Projet besteet aus enger Zesummenaarbecht zwëschen dem Lycée Michel Rodange an der PSBB Secondary School vun Chennai aus Südindien. Et fënnt en Schüleraustausch statt zwëschen 6 Schüler aus Indien an 6 aus eisem Lycée. Déi 6 indesch Schüler kommen den 20. Mee bei ons an den Lycée an wunnen dann fir 9 Deeg bei den 6 lëtzebuergesche Schüler. Mir gin hinnen en Abléck an eis Sproochenkultur  an deem mir hinnen enner Anerem Workshops an verschiddenen Sproochen ubidden. Durch aner Aktivitéiten sollen sie eisen Alldag verstoen leieren, zum Beispiel durch Visiten an der Stad, am Land an an der Groussregioun. Anerseits bidden eis indesch Gäscht  eis en Atelier iwert „debating“ un, eng Aktivitéit déi mir zu Chennai weider maachen wärten an och d’nächst Joer hei am LMRL als Optioun ugebueden get.

Mir 6 letzebuergesch Schüler fléien dann mat eisen Proffen d’nächst Schouljoer an Indien an kréien d’Méiglechkeet hiert Land ze entdecken. Des eemoleg Geleeënheet hunn mir natierlech den 2 Lycéeën ze verdanken. Net ze vergiessen datt dëst onméiglech wier ouni d’Madame Diederich, d’Madame Seiwerath an den Monsieur Dohn, déi fir d’ganz Organisatioun zoustänneg sinn an vill Zäit domat verbréngen mat eis dat Ganzt ze organiséieren.
Di 6 Schüler/innen déi matginn, sinn d’Caroline Braun an den Louis Siebenaler aus der 3B, d’Ivana Lambert aus der 3C1, d’Adriana Adrovic an den Drago Dragovic aus der 3C2 an den Mika Lorang aus der 3G2. Mir 6 sinn sou onvirstellbar dankbar fir déi eemoleg Chance ze kréien an freeën eis op den Kulturaustausch fir eng ganz nei Welt ze entdecken, wou d’Leit eng ganz aner Liewens Aart an Weis hunn. Mir kennen et kaum erwaarden nei Leit an eng nei Schoul ze entdecken, eist Englescht ze verbesseren an allgemeng eisen Horizont ze erweideren.

Ivana Lambert , fir d’India Team 2015.

Back to Top