Fussenrallye 2015

Den 29. Abrëll hunn d’ Schüler vun 7e an aus der Classe d’Accueil um schonn legendären “Fussenrallye” duerch Stad deelgeholl, deen vun den 2e Schüler an Proffen encadréiert gouf. Passend zum desjoregen Thema “1001 voyages” goufen d’Schüler vun méi an manner erfonnten Geschichten op hirem Wee duerch Stad begleed. Sou hunn si zum Beispill missen dem Melusina séin Schatz fannen an d’Geeschter op der Rhum zielen. Ënnerwee hunn se awer och vill Stänn erwaard, wou si hunn missen Rätselen léisen an Geschécklechkeetsspiller iwwerwannen.

Owes ass et dann zréck an den Lycée gaang, wou d’Schüler sech zesummen eng gutt Lasagne schmaachen gelooss hunn. Dono goufen d’Feldbetter an de Klassesäll opgeriicht, déi eng sinn an d’Bett gefall an déi aner hunn bestëmmt nach bis Moies gepëspert 😉 Um Kaffisdësch huet een sech dann erëmfonnt an d’Gewënner kruten e klengen Präis. Déi flott Erënnerungen wäerten eis awer all bleiwen 🙂

Back to Top