Austausch an Spuenien op Zaragoza

 

Mier sinn d’Tessy Conrardy aus der 3D2 an d’Adela Özkan aus der 3C2.

1

Castillo (Burg) de Loarre

Mir sinn zënter der Ouschtervakanz zu Zaragoza, a Spuenien, am Austausch, a wunnen bei enger Gaaschtfamill, déi eis ganz léif opgeholl huet. Natierlech gi mir, wéi all aner Schüler, hei och an d’Schoul (an de Lycée I.E.S. Miguel Catalán).

Mir sinn heihinner komm fir eng nei Sprooch, nei Leit an eng nei Kultur kennenzeléiren.

Déi zwou éischt Wochen ware wierklech schwiereg well mir guer näischt verstan hunn a kee kannt hunn. Mee mëttlerweil hunn mir eis awer gutt agelieft a genéissen eng eemoleg Chance esou een Austausch maachen ze kennen.

Vum 4. Bis den 9. Mee waren e puer Schüler aus Lëtzebuerg an aus anere Länner vun Europa fir déi sougenannten Springconference (Europroject) hei, a mir hunn kennen bei ville vun hiren Aktivitéiten matmaachen, wei zum Beispill beim Rafting an de Pyrenäen.

2

Rafting (Murillo)

Back to Top