Concours fir e neien « APE LMRL » Logo

Léif Schülerin, léiwe Schüler,

Zënter Joren huet den aktuelle Logo der Elterevereenegung (Association des Parents d’Élèves) vum LMRL trei Déngschter geleescht a mir soen him ee grousse Merci dofir. Mir denken awer, dat elo den Zäitpunkt komm ass, fir den aktuelle Logo duerch een neie Logo, den nach net existéiert, z’ersetzen.

An dësem Logo kënnen och weiderhin eis Ufangs-Buschtawen “A P E  L M R L” integréiert ginn, mee dat muss awer och net sinn. Den neie Logo soll natierlech eng ganz gutt Qualitéit ënner digitaliséierter Form hunn an och an engem klenge Format (z.B. 3 cm op 3 cm) nach gutt z’erkenne sinn. D’Faarf(e) vum Logo sinn eigentlech egal, mee hie wäert bal ëmmer schwaarz-wäiss erausgedréckt ginn. D’Technik déi dir notzt, ass iech fräigestallt.

Um Concours matmaachen dierfen all LMRL-Schülerinnen a Schüler, déi aktuell eng Classe (3e, 2e oder 1ère) vun der E-Sektioun besichen.

Reecht är Aarbecht w.e.g. bis den 21. Juni 2019 bei Ärem/r Zeecheprofesser/in eran.

Präisser:

100 € fir déi 1. Plaz

75 € fir déi 2. Plaz

50 € fir déi 3. Plaz

De Jury besteet aus ZeecheprofesserInnen a Membere vum Comité des Parents d’Élèves an et wäert eng offiziell Präisiwwerreechung am Laf vum Joer fir déi dräi GewënnerInne stattfannen.

Mir soen iech elo schonns Merci fir äert Matmaachen, freeën eis op vill flott Logo-Propositiounen a wënschen iech bonne chance!

D’Elterevereenegung aus dem LMRL

Back to Top