Changement an der Direktioun vum LMRL

No méi wéi 35 Joer am LMRL, huet d’Mme Simon hier wuelverdéngte Pensioun ugetrueden. Säit haut huet den LMRL offiziell eng nei Directrice-adjointe an der Persoun vun der Mme Scholer.

D’Mme Scholer ass säit enger Rei Joren Chimiesprofesser am LMRL. Säit der leschter Rentrée ass si schonn Attachée à la Direction gewiescht a säit Joren aktive Member vun der Cellule de développement scolaire a Coordinateur de stage (niewent anere Responsabilitéiten).

Mir wäerten alles dru setzen fir eise Lycée zesummen weider esou erfollegräich ze féieren wéi et am Moment leeft.

Back to Top