Windsurfstage um Brouwersdam 2019

Sonndes den 19. Mee ass et mat eisen dréi 5ième Sportsklassen an Holland gaangen. Direkt no der Busfaart sinn mir eis de Center Parcs ukucke gaangen an hunn eis mat Proviant fir déi ganz Woch agedeckt. Am Nomëtte konnte mir dunn an eis idyllesch Strandlodges anzéien. 

Bei wandegen an och deels sonnege Wiederbedingunge stoung all Dag Windsurfing um Programm an doniewent hunn eis Proffen sech vill Aktivitéiten afale gelooss. Vun Beachvolleyballturnéier, SUP, Quizowend bis Erlebnisbad am Center Parcs hate mir e ganz ofwiesslungsräiche Programm. E groussen Highlight war wei ëmmer de Waterjump, wou deels ganz spektakulär Spréng gewise goufen.

Et war eng Woch mat ganz ville positiven, schéinen an onvergiesslechen Erfarunge fir eis all.

Back to Top