Wanteraktioun

Am Kader vun der Wanteraktioun, déi an enger Zesummenaarbecht vum Ministère de la Famille, der Caritas, Inter-Action an der Croix-Rouge organiséiert gëtt, hunn d’SchülerInnen vum LMRL-Charity-Grupp am November 2020 eng Sammelaktioun gestart. Dobäi ass eng ganz Autosmall u Schalen, Händchen, Mutzen, Decken, Jacketten an Hygiènesartikelen zesumme komm, déi hire Wee dann kuerz viru Chrëschtdag an d’Wanteraktioun um Findel fonnt hunn. Do kréien déi Leit, déi keen Dag iwwert dem Kapp hunn, an der kaler Joreszäit eng waarm Molzecht an och eng sécher an dreschen Schlofplaz zur Verfügung gestallt. Dat gesammelt Material gouf gären ugeholl an nach zum Deel de selwechten Owend un déi Bedierftegt verdeelt.

Den LMRL-Charity-Grupp seet jidderengem Merci, den sech un dëser Aktioun bedeelegt huet.

Back to Top