Walfer Vollekslaf 2016

image1-customDe Sonnden, 2. Oktober, huet de Lycée Michel Rodange mat enger grousser Unzuel vu Schüler um Walfer Vollekslaf Deel geholl. Eis Fuusse sinn déi 6,5 km mat ganz vill Motivatioun a Freed ugaangen.

Mat 171 Schüler si bei wäitem déi meeschte Leefer aus dem LMRL komm an hunn och hei déi éischt Platz am Gesamtklassement beluet (1. LMRL 171, 2. LAML 94 an 3. LGL 53 mat Leefer).

Eis Meedercher hunn déi excellent 1. Platz gemaach (hei ginn déi 4 schnellst Meedercher gekuckt). Och bei de Jongen a beim Klassement mixte belee mir mat der 2. Platz, e gutt Resultat.

image3-customimage2-custom

Back to Top