Visite am Diddelenger Déierenasyl

De 24. Februar 2020 hu mir, den Charitygrupp, d’Diddelenger Déierenasyl besicht.

Am Moment sinn eng Rëtsch Kazen an Hënn do, déi natierlech all Dag Fudder, heiansdo en Déierendokter an aner Saachen wéi Spillsaachen, Kazestréi an Léngten brauchen. Déi puer Mataarbechter, déi do haaptberufflech schaffen, mussen natierlech och bezuelt ginn.

Si sinn zu engem groussen Deel vu Spenden ofhängeg, an dofir hunn mir eis décidéiert hinnen e puer Saachen ze bréngen an an engems d’Déieren ze besichen.

Mir sinn mam Bus dohin gefuer, an den Här Paul Weber huet eis mol fir d’éischt alles erkläert an mir kruten eppes fir ze drénken offréiert. Am Uschloss si mer dann ronderëm gefeiert ginn. Zum Schluss konnte mir och nach an d’Kazenhaus era goen an e puer d’Kazen heemelen.
Puer Déieren kennen wéinst hirer schlëmmer Vergaangenheet leider net adoptéiert ginn, well se traumatiséiert sinn. All déi aner waarden op eng néi Famill, déi bereet ass, sech em se ze këmmeren an se gären ze hunn.

Also, falls der Loscht hutt een (zousätzlecht) Hausdéier opzehuelen, gitt an d’Diddelenger Déierenasyl!

Lili Bermes, Julie Lacaf (5C7) aus dem Charitygrupp

Back to Top