Vernissage 1001 Tonnen – 3e-Optioun Be CreActive

An dëser Optioun solle Schülerinnen a Schüler eegestänneg Projeten vun A bis Z op d’Bee stellen. Am éischten Trimester ass d’Fotografin Jessica Theis am Kader vum Projet 1001 Tonnen regelméisseg an de Cours komm, fir si dobäi ze ënnerstëtzen.

Nodeems d’SaS sech decidéiert haten, wéi eng Fotoen aus der ursprénglecher Ausstellung sollten opgehaange ginn, an no enger kuerzer Aféierung an d’Fotografie wéi och an de Projet 1001 Tonnen, sinn si selwer op den Terrain gaang, andeems si wärend engem „Photowalk“ um Geeseknäppchen an Ëmgéigend den Dreck fotograféiert an uschléissend opgeraf hunn. Dono hu si mat hierem Handy nach weider Fotoen an hierer Fräizäit, deelweis souguer an der Vakanz, deelweis awer och an de Couloire vum Lycée gemaach, fir ze dokumentéieren, wéi vill Dreck einfach esou leie bleiwt.

Niewend der Selectioun, dem Montage an dem Accrochage vun de Fotoen, hunn d’SaS sech och ëm d’Organisatioun vum Vernissage gekëmmert, wou si de 15. Dezember viru 4 Schoulklassen an der Direktioun hier eege Fotoe presentéiert hunn. 

Fir dass et zu engem gelongene Vernissage konnt kommen, hunn d’SaS en eegene Flyer entworf, Invitatioune verschéckt, eng Slideshow erstallt, Riede geschriwwen an de Catering matorganiséiert.

Télécharger 1001-Tonnen-Kopie.pdf - 16,00 Mo
Back to Top