Sammelaktioun fir d’Stëmm vun der Strooss”

Den 19. Abrëll 2024 si mir aus der Optioun Be CreActive zesummen an den Haaptsëtz vun der Organisatioun « Stëmm vun der Strooss » gaangen, fir eis « Care Packages » ofzeginn, déi mir an eisen Optiounscoursen zesummen gestalt hu mat de Suen, déi mir um LMRL-Spectakel mam Musical « Happy Days » duerch Kuchverkaf verdéngt hunn. Wéi mir do waren, huet den Här Charles Bechet eis eng Visitt gemaach. Mir hunn erklärt kritt, dass d’Sans-Abris an hierer « Kleederstuff » Kleeder ugebuede kréien, déi gespent goufen. 

No eiser Visitt, hu mir eis geduecht, dass et flott wier, nach eng Sammelaktioun an der Schoul ze organiséieren, bei der mir Kleeder fir d’Sans-Abris gesammelt hunn. Dobäi ass vill rauskomm : insgesamt 30 Tuten! Villmools Merci jidderengem, deen un der Sammelaktioun deelgeholl huet!

Back to Top