Sailing Schools 2016

2016-04-04 09.47.55 (Medium)Och dëst Joer gouf nees an der Ouschtervakanz en Segeltrip fir verschidden Schoulen aus Lëtzebuerg organiséiert. Sailing Schools gouf vum GLCR an der Zesummenaarbecht mat der FLV organiséiert De Projet gëtt zudeem ënnerstëtzt vum SNJ an vum Ministère des Sports.

DSC04047 (Medium)Am Ganzen sinn 17 Booter matgefuer, wouvunner den Lycée Michel-Rodange dëst Joer mat 3 Booter vertrueden war. Op all Boot waren 4-6 Schüler, een Skipper an en Co-Skipper. Geschlof gouf um Boot, giess entweder am Hafen oder och um Boot. Während der Woch goufen all Dag en puer Regatten gefuer, bei deenen den Konkurrenzkampf tëschent Schüler, mee och tëschent Skipperen extrem grouss war. Obwuel et bei eiser Arrivée zu Trinité-sur-mer an der Bretagne nach gereent huet, hate mer iwwert d´Woch awer immens vill Gléck mam Wieder.

Direkt am Ufank kruten mer Ravitaillement fir die ganz Woch. Während mer die éischt zwee Deeg dann eis mam Segelboot an den Ufuerderungen vum Guy, eisem genialen Skipper, vertraut gemaach hunn, ass et die aner 3 Deeg immens héich hiergaangen. Mat Wand bis zu 30 Kniet, bei dem d´Boot extrem schief houng, war den Wettbewerbsgedanken nach ëmmer motivéierend. Mier hunn gemierkt, dass eng Segelregatta definitiv keng Päischtcroisière ass an extrem vill Ustrengung an Konzentratioun verlaangt. Dofir waren mer no enger Woch extrem futti.

2016-04-06 07.54.50-1 (Medium)D ‘Stëmmung um Boot war awer während der ganzer Woch ganz gudd. Kloer kennt et während enger Woch zu 7 op sou enkem Raum ëmmer rëm zu Diskussiounen, mee allgemeng hunn mer eis alleguer super verstan. En Grond dofir waren och eisen Skipper, den Guy, an eis Co-Skipperin, d´Manu, déi zum engem immens éiergäizeg waren, zum aneren awer och wahnsinneg sympathesch. Den zweetleschten Owend gouf dann eng Party organiséiert, bei der mer eis dann och mol alleguer en bëssen besser kenneléieren konnten.

All Owend goufen dann d´Resultater vun den Regatten gewisen. Obwuel eist Boot zwar keent vun den Éischten war, sinn mer awer eigentlech zefridden. Dofir huet awer eent vun de Booter aus dem LMRL et ob déi drëtt Platz gepackt. Alles an allem war et eng onvergiesslech Woch, bei der mer zum engem vill Segelen geleiert hunn an zum aneren jiddereen immens vill Spaass hat.

Bericht vum Tom Brinckmann/Brenda Gilson 2D1

Back to Top