Safer Internet Day 2019

Vill Schüler am LMRL sinn op enger iPad-Klass, a mir fannen, dass et net just duergeet, fir de Kanner en iPad an d‘Hand ze drécken, mä et ass eis och wichteg, dass e Suivi besteet an d‘Schüler/inne verstinn, wat d’Gefore vun engem irresponsabelen Ëmgang mat dem Internet an online Technologië sinn, virun allem am Kader vun eisem Projet d’établissement, digitLMRL.

De 5. Februar war Safer Internet Day , eng international Kampagn mam Motto “Together for a better internet”, déi sech genee mat deem Thema befaasst huet. Aus deem Grond si mir mat de Schüler/inne vun de Klassen 7C2, 7C8, 5C8, 4C5 a 4C7 an de Kinepolis Kierchbierg gefuer, fir do un der Projektioun vum Film Love, Simon  an un engem Débat, organiséiert vu BEE Secure, deelzehuelen. De Film huet groussen Uklang fonnt an ass definitiv ze recommandéieren, fir iwwer Theme wéi Akzeptanz, Sécherheet an d’Geforen esou wéi d’Virdeeler vun de soziale Medien ze schwätzen.

Eis Schüler hunn och an der Diskussiounsronn eng gutt Figur gemaach a konnte vun de villen Aktivitéite bei eis am Gebai berichten, wéi zum Beispill der Emissioun vun eisem Schülerradio zum Thema Safer Internet Day , déi och genee op deem Dag ausgestraalt ginn ass, an der Sensibiliséierungscampagne géint Cybermobbing , déi op eisen zwou iPad-7en duerchgezu ginn ass.

Back to Top