Regatta.lu 2019

 Sailing Schools – More Wind More Fun!

Wanns du gären um Mier bass, Loscht hues flott an onvergiesslech Deeg mat Kollegen ze verbréngen an de Lycée Michel-Rodange bei enger Regatta géint aner Lycéeën ze vertrieden, dann ass Regatta.lu: Sailing Schools genau dat Richtegt fir dech.

Während enger Woch kanns du d´Freed um Segelen entdecken, Manöveren um Waasser léieren, all Dag e neien Hafen usteieren, néi Leit kenneléieren an dat ganzt a flotter Ambiance.

Regatta.lu 2019 fënnt an der Ouschtervakanz vum 7. – 13. Abrëll 2019 an der Baie de Quiberon an der Bretagne statt. Et fueren iwwert 20 Booter mat, op deenen jeeweils en Équipage vun 4-5 Schüler, en Skipper an e Co-Skipper sinn.

Wanns du méi Informatiounen brauchs, kanns du op www.regatta.lu kucke goen.

Den 8. November 2018 fënnt um 18:30 och nach eng Informatiounsversammlung am Lycée Josy Barthel zu Mamer statt.

Informatiounen iwwert Regatta.lu kriss du awer och beim Responsable d´école Mme Toinon Schmit (toinon.schmit@education.lu) bei eis am Lycée Michel-Rodange, déi och fir d ‘Aschreiwungen zoustänneg ass.

Back to Top