Präisiwwerreechung vum Liesconcours 2021

All Joer fënnt am LMRL de Liesconcours statt, an all Joer beweisen eis Schüler, dass et net stëmmt, dass d’Jugend vun haut net méi liest. Dëst Joer war d’Organisatioun vum Liesconcours allerdéngs anescht, a vun den Organisateuren war e bëssche Kreativitéit verlaangt, fir esou en Event trotz Pandemie an engem A/B-System reiwungslos iwwert d’Bün ze kréien. Si fannen awer, dass et hinne gutt gelongen ass, an de Freideg, den 12. Mäerz, war d’Präisiwwerreechung am LMRL selwer fir déi 30 beschte Lieserinnen a Lieser.

Als Éieregaascht war den Antoine “Tunn” Grimée (Link Tunn) op der Plaz. Den Antoine Grimée, selwer e fréieren LMRL-Schüler an den Auteur vum Buch D’Geheimnis vum verschwonnene Sall, dat am Kader vun eise 50-Joer-Feierlechkeeten erauskomm ass, war frou, fir de Schüler eppes iwwert seng Aarbecht zielen ze kënnen. Passenderweis war säi Buch och eent vun de meeschtgeliesenen Titelen an dësem Joer.

Mir felicitéieren op dëser Plaz och nach eng Kéier all eise Schülerinnen a Schüler, déi um Liesconcours 2021 deelgeholl hunn, a wëlle besonnesch déi Klassen ervirhiewen, op deenen et déi meeschte Participante gouf :

1. Plaz: 5C7

2. Plaz: 3CB1 / 4C3

3. Plaz: 3CD3 / 4C7 / 5C8

Mat dëser Präisiwwerreechung ass et awer nach net eriwwer mam Liesconcours 2021. Den Andy Genen (Link Andy Genen), Auteur an Zeechner, wäert de Schüler de Freideg, de 26. Mäerz en online Workshop zum Thema “D’BD zu Lëtzebuerg” ubidden. Mir freeën eis schonn drop!

Back to Top