Pick-it-up

An dësen ganz speziellen Zäiten dréit sech iergendwéi alles em Corona.

Dobäi verléiert een heinsdo aus den Aen, dat et och nach aner wichteg Themen gëtt, iwwert déi et sech lount, sech seng Gedanke ze maachen, well se eis all eppes uginn a virun allem well se eis Zukunft betreffen.

Dowéinst hunn sech d’Schüler vum LMRL-Charity-Grupp den 26. Oktober no der Schoul op de Wee gemaach a ganz nom Motto „Pick-it-up“ eng Botzaktioun um Campus Geesseknäppchen gestart.

Ausgerëscht mat Poubellestuten an Händschen ass et lass gaangen. Et huet leider net laang gedauert, bis d’Tuten ugefaangen hunn sech ze fëllen.

Wat opgefall ass, et war net nëmmen den üblech Knascht ronderëm eis Schoul ze fannen, wéi emol eng Plastiksfläsch, e Kamellepabeier oder e Nuesschnappech, mee och eng ganz Rei Saachen, déi offensichtlech eppes mam alldeeglechen Schoulbetrib ze dinn hunn, wéi ganz vill eidel Tënteminnen, Pritt oder eidelen Tipp-Ex.

Och an der Géigend vum Food-Truck ass opgefall, dat vill Léit dobaussen iessen, wat jo och grad an dësen Zäiten sënnvoll ass, mee et ass sécher net sënnvoll, fir herno d ’Verpackungen vun der Mayonnaise a vum Ketchup, sou wie Pabeiertstuten an Telleren leien ze loossen.

Och eng ganz Rei u Masken hu mir opgesammelt.

Dowéinst en Opruff un déi ganz Schoulgemeinschaft:

Et gëtt genuch Poubellen um Campus. Maacht ären Dreck w.e.g. dodran! An och an eisem Schoulgebai gëtt et vill Méiglechkeeten, fir säin net méi benéidegt Schoulmaterial ze entsuergen, ouni et aus der Fënster ënnen an d’Hecken missen ze geheien.

Mat klengen, einfache Gesten kann jiddereen e bëssen eppes zu enger méi gesonder a propperer Welt bäidroen!

Back to Top