Spectacle musical 2022

Vum 3. bis de 6. Mäerz hunn nees 200 Schülerinnen a Schüler, am fuschneie Festsall vum LMRL, wärend 4 ausverkaafte Virstellungen, hiert musikalescht, schauspillerescht an dänzerescht Talent ënner Beweis gestallt.

No enger batterer Paus dat läscht Joer, bedéngt duerch Corona, wossten all Museksklasse vu 7e bis 4e zesumme mat der Museks- an Danzoptioun an de Klasse 7C04 a 7C06, mat engem ofwiesslungsräiche Programm am 1. Deel, de Publikum ze begeeschteren. Een Highlight no deem aneren huet keen Zweiwel opkomme gelooss, wéi aussergewéinlech dat musikalescht Talent vun eise Schülerinnen a Schüler entwéckelt ass.

Ob Fanfare, Percussiounsensemble, Big-Band, iPad-Projet, Danzgrupp, Solo-Gesang, Käsebande oder och zum Schluss déi grouss Chorale vum LMRL, alleguerte kruten si verdéngten Applaus fir hir fantastesch Performance.

Am 2. Deel stoung dunn traditionell de Musical um Programm, wou de Choix op Fiddler on the Roof gefall war. Eng exzellent Wiel, wéi et sech sollt erausstellen, wou d’Optioun Scénographie ee grandioost Bünebild gezaubert huet, duerch dat d’Solisten, d’Chorale, d’Dänzerinnen an den eegene Schüler-Orchester inspiréiert goufen, fir iwwert sech erauszewuessen. Een total geflashte Publikum huet all d’Acteure mat minuttelaangem Applaus a Standing Ovations belount an nach eng Kéier animéiert, am Finale all hier Freed um gemeinsame Musizéiere fräie Laf ze loossen.

Bei all dëser Energie brauch et engem guer net baang ze sinn, fir eng weider Oplo vum Lycée Michel-Rodange sengem musikalesche Spektakel am nächste Joer vum 23. bis 26. Februar 2023.

Back to Top