LMRL-Fairtrade-Concours

Mir siche motivéiert Schülerinnen a Schüler, déi Loscht hunn, beim LMRL-Fairtrade-Concours matzemaachen.

An dësem Concours geet et drëm alleng oder zesumme mat e puer Klasskomoroden e Video vun minimum 30 Sekonnen, respektiv maximal enger Minutt zum Thema Fairetrade ze dréihnen.

Wichteg ass, dat d’Thema Fairetrade am Fokus steet.

Wann die Loscht hutt fir matzemaachen, da kënnt dir iech iwwert de folgenden Link bis den 2. Abrëll umellen: https://forms.office.com/Page/ResponsePage.aspx?id=xQ4KNpTw8UWjGcbcNWAnBKl4fvodNglBjBg45IXyPdNURUoyUDVaUkFKUVNQOENQSFRSWjFRU0pUMi4u

D’Videoen mussen bis den 21. Mee eragereecht ginn. Detailer dozou kritt dir dann, wann dir iech ugemellt hutt.

Déi 3 bescht Videoen gi vun enger Jus gewielt a kréien och e Präis!

Wann dir nach Froen hudd, da kënnt dir ich bei eis mellen

Toinon Schmit a Romy Seiwerath

(Toinon.schmit@education.lu oder romy.seiwerath@lmrl.lu )

Back to Top