Konferenz mam Dokter John Bosco Nsubuga

Zesumme mat der ONGD Nord-Sud konnt den 18. November 2021 am neie Festsall vum LMRL eng Konferenz mam Dokter John Bosco Nsubuga, Directeur Médical vum Matany Hospital aus dem Uganda, organiséiert ginn. Inhalt vun dëser Konferenz waren zwee Ziler vum Agenda 2030, aus der Siicht vun Afrika gesinn. Zil 3: gutt Gesondheet a Wuelbefannen an Zil 6: proppert Waasser a Sanitär. Véier Klassen hunn un dësem Virtrag deelgeholl a kruten esou en Abléck a di prekär sanitär Situatioun am Uganda. D’Relevanz vu propperem Waasser, zu deem verschidde marginal Bevëlkerungsgruppe keen Zougang hunn, an d’Accessibilitéit zu sanitäre Strukture stoungen am Mëttelpunkt vum Doktor Bosco senger Präsentatioun.

Back to Top