Iwwerreechung vun den iPads u 6 nei Klassen am LMRL

Wéi schonn an den zwee leschte Joer huet den LMRL och dëst Joer eng Rei nei iPad-Klassen. Am Laf vun de leschte Wochen kruten d’2CE1, d’3CC1, d’3CD1, d’3CE1, d’7C2 an d’7C8 blénkeg nei Tablets ausgedeelt, mat deene si ab elo all Dag an der Schoul an och doheem schaffe wäerten.

Zäitgläich goufen och eng Rei Formatioune fir all d’Enseignanten ugebueden, fir dass si dës nei Ressource optimal an hirem Cours asetze kënnen.

Mat de 6 neien Klassen huet den LMRL elo am Ganzen 10 iPad-Klassen. Mir wënschen all de Schüler an hiren Enseignanten, dass den Akku ni eidel gëtt!

Back to Top