„Et lount sech ëmmer fir eppes ze kämpfen”

Integratiounsministesch

D’Corinne Cahen steet de Schüler aus dem Lycée Michel-Rodange Ried an Äntwert.

Uganks Februar 2016 waren e puer Schüler vun der Option Bénévolat 1ière aus dem Lycée Michel-Rodange ob Visite bei der Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen an hunn si zu der aktueller Flüchtlingskris befrot.

Schüler: Wat ass är Haaptaufgab als Ministesch a punkto Flüchtlingskris?

  1. Cahen:A mengen Attributiounen ass et ganz kloer, dat déi Leit, déi hei an d‘Land kommen an eng Demande maachen fir eng international Protektioun ze kréien, an fir déi de Familljeministère an den OLAI responsabel sinn, logéiert ginn, fir ze kucken, dat se genuch ze iesse kréien, dat se ugedoen sinn, dat se kenne bei den Dokter goen, dat se eng Assistante Sociale hunn, déi sech em se këmmert, dat se Sproochecoursen kréien (wou d’Éducation Nationale sech drëm këmmert), an dat d’Kanner ageschoult ginn. Mir sinn fir dat ganzt Organisatorescht an fir d’Liewen, wat se hei zu Lëtzebuerg hunn responsabel.

Schüler: Ass d’Situatioun am Moment komplizéiert duerch den groussen Undrang vun Flüchtlingen?

  1. Cahen:Wann ee netgenuch Better huet, dann ass dat eng ganz komplizéiert Situatioun. Wei am September 2015 d’Flüchtlingswell ugefangen huet, hunn mir gekuckt, fir eidel Gebaier,[…], ze recuperéieren an anzeriichten […] fir d’Leit iwwert de Wanter kennen ze logéieren. Ech war selwer 2011 benevole, […] well et deemools och eng Flüchtlingswell gouf […] Ech hunn dat ganz, ganz schlëmm fonnt, dat do Leit am Wanter mat klenge Kanner um Camping géinge wunnen, an lo hunn ech geduecht: “Lo bass du hei an der Verantwortung, an dat well ech net.” […] Et ass normal, dat d ‘Leit Sécherheet an eng Zukunft sichen, fir sech a fir hier Kanner. […]

Schüler: Hutt dir konkret Zieler fir 2016?

  1. Cahen:[…] Dat eenzegt Ziel kann nëmmen sinn, dat alles esougutt wie méiglech ze geréieren, […] dat mir déi Leit hei anstänneg empfänken, sou wei mir och wéilten empfaange ginn, wann mir misste wéinst dem Krieg fortlafen […] Den zweete Volet vun mengen Attributiounen, dat ass d ‘Integratioun […]. Integréieren heescht och d ‘Sprooch leieren, integréieren heescht vläit eng Aarbecht fannen, integréieren heescht natierlech och virun allem d’Kanner direkt an d ‘Schoul schécken. […] Ech mengen, dat muss d’ Ziel sinn, dat mir d’Solidaritéit hei am Land behalen an dat mir alleguer zesumme kucken, och déi Leit hei ze integréieren. […]

Schüler: Wei stitt dir derzou, dat verschidde Länner, wei Ungarn, hier Grenzen zougemaach hunn ?

  1. Cahen:[…] Do blutt méin Häerz mir, wann ech gesinn, dat déi Solidaritéit net funktionéiert, dat osteuropäesch Länner hir Grenzen zoumaachen, an dat […] géint e Verdeelerschlëssel an Europa sinn. […] An mir kennen awer mengen ech, wann et Europa gëtt, d’Griichenan d ‘Italiener net alleng do setzen loossen. […]

Ech gesinn dat och vun engem humanitären Point de Vue, extrem schwiereg […]. Ech fannen et ganz schlëmm, dat mir de klengen Ailan gebraucht hunn, fir dat an Europa déi Well vun Solidaritéit iwwerhaapt entstanen ass. […] Wann ech déi Famille gesinn, bei den Barrièren stoen mat de klenge Kanner, an déi hunn schonn honnerte vu Kilometeren hannert sech an déi ginn do net eragelooss, se kréien näischt ze iessen an et reent, dann kann ech net verstoen, wei een do net kann reagéieren.

Schüler: Gëtt et eng Flüchtlingsgeschicht, déi iech besonnesch markéiert huet?

  1. Cahen: Ech hunn der e puer. […]

An der Weilerbaach war e Papp mat sengem klenge Jong. De Papp war um Enn, den konnt einfach net méi. […] Firwat? Si koumen vun Aleppo a Syrien an do ass eng Bomm an hiert d’Haus ageschloen. Dem klenge Jong séin Brudder war ob der Platz dout an de Jong hat keng Schréips. Dunn sinn se fortgelaf ob d’syresch-türkesch Grenz. Do huet d’Mamm gesot, si wär esou midd, si sollen einfach weidergoen, […]. Sou sinn de Papp an de Jong iergendwann hei gelant. De Jong huet Doudangscht, dat seng Mamm och géing em d’Liewen kommen […]. Hien huet näischt méi giess an huet just nach gekrasch an de Papp wousst net méi wat e mam Jong sollt maachen. Lo ass en a psychiatrescher Behandlung. An der Geschichten do, der ginn et der esou vill.

Hei nach vläit eng méi schéin Geschicht. Am September 2016 hunn mir no engem Appel vum Angela Merkel e Bus an Däitschland geschéckt, fir Leit sichen ze goen. Déi Leit hunn “Allemagne” kannt, awer “Luxembourg” nach ni héieren. Mir haten en Dokter aus der Zithaklinik dobäi, den och arabesch schwätzt, […] Schliisslech sinn eng 50 Leit an de Bus geklommen, virun allem Familljen mat Kanner. Ech war an der Weilerbaach, fir se ze empfänken. D’Dier vum Bus ass opgaangen. Dunn klemmt eng Fra eraus, mat der ech nach ëmmer Kontakt hunn, […] an déi huet just gefrot: “Can my children go to school?”

Dann weess een och firwat déi Leit de ganze Wee gemaach hunn. Déi haten eng stabel Situatioun a Syrien, déi haten e normaler Beruff, en Haus […] sou wei mir eben och an si hunn missen wéinst dem Krieg fortlafen. Wann een dann laang an engem Camp an der Türkei ass an et huet ee keng Perspektiv fir seng Kanner an et weess een, dat d ‘Educatioun de Schlëssel ass fir ze reusséieren am Liewen, dann mécht een sech ob de Wee an et kuckt een, wou seng Kanner kennen an d’Schoul goen. […] D’Kanner leieren och relativ séier eis Sproch, dat ass immens flott.

Schüler: Hat dir domat gerechent, dat esou vill Flüchtlingen géingen ob Lëtzebuerg kommen ?

  1. Cahen:Dat ass näischt woumat een rechent oder net rechent. Mir haten schonn am Fréijoer […] ugefangen drun ze schaffen. […] Do kann ee keng Prognose maachen. […] An et ass nun emol sou dat jiddereenProtection international ufroen kann , wann en a Liewensgefor ass an déi Leit sinn a Liewensgefor. Dat ass awer net un mir ze jugéiere, dat mécht den Immigratiounsministère an déi Prozeduren mussen och séier goen, fir dat d ‘Leit wëssen, ob se däerfen bleiwen oder net[…].

Schüler: Sidd dir zefridden domat, wei Lëtzebuerg ob d’Flüchtlingskris reagéiert huet?

  1. Cahen:Jo, ech sinn ganz geréiert wei d’Leit reagéiert hunn. Mir hunn eis vun Fräiwëllegen net méi gerett kritt. […] Déi zwee Studenten zum Beispill, déi en Opruff ob Facebook gemaach hunn, fir puer Kleeder ze sammelen fir d’Flüchtlingen, kruten 10 Tonnen Kleedung. […]. Ech war dann do och hëllefen fir ze sënneren. Ech muss soen, […] dat ech wierklech weess, firwat ech hei zu Lëtzebuergsinn an firwat ech gären hei sinn. Well ech fannen déi Solidaritéit vun de Leit […] ass wierklech ganz grouss hei. […]

Schüler: Schafft dir mat aneren Organisatiounen zesummen?

  1. Cahen:[…] Mir maachen am Fong d‘Organisatioun an d‘Politik, mee wann mir eis Partner net hätten, d’Croix Rouge, d’Caritas, d’Asti, fir der nëmmen e puer ze nennen, dann géinge mir dat guer net fäerdeg bréngen.

D’Croix Rouge huet och en extremen Now-How, sie organiséieren och de Primo-Accueil. […] D’Caritas këmmert sech ganz vill em déi Vulnerabel. Dann hunn mir och Partner, déi sech em d’Mineurs non-accompagnés këmmeren. […]Ouni all déi Partner um Terrain, […] déi effektiv all Dag do sinn an déi Jonk mat a Sportklipp huelen, an Museksveräiner, déi si an och d’Elteren, emol einfach ob Aktivitéite mathuelen, kéinte mir jo guer net sinn […]. Dowéinst sinn mir frou, fir all Hëllef, déi mir kenne kréien.

Schüler: Hutt dir och schonn negativ Reaktioun par Rapport zu der Flüchtlingskris hei zu Lëtzebuerg matkritt?

  1. Cahen:Absolut, ech kréien deelweis emol Drohbréifer. Ob Facebook liesen ech immens vill der Sätz wéi: “Dem Wouscht do, dem hëlleft dir an onse Leit hei, deenen hëlleft keen.” […] Et stemmt net, dat mir de Leit hei zu Lëtzebuerg net hëllefen. […] Mir encadréieren déi Leit […], déi Hëllef brauchen […] an et ass eis Roll, fir hinnen ze hëllefen erëm ob eege Féiss ze kommen. […] Mir hunn lauter Strukturen, wei de Foyer Ulysse, d’Wanteraktioun, […], fir der nëmmen e puer ze nennen. Et ass eise mënschlechen Rôle engersäits déi Leit anstänneg ze empfänken, sou wei et och eisen Rôle ass den Leit hei am Land ze hëllefen. […]

Schüler: Fannt dir et schockant, dat och hei zu Lëtzebuerg vill Flüchtlingen ofgeleent ginn, d. h. net kennen hei opgeholl ginn?

  1. Cahen:Et mussen ganz kloer Regelen ginn. Wann een deenen well hëllef, déi wierklech a Gefor sinn, dann muss een och Platz fir déi hunn […].Een, den de politeschen Flüchtlingsstatus ufreet, den muss och schonn politesch verfollegt ginn, respektiv a Gefor sinn. Wann een awer aus engem Land kennt, wou keng Gefor ass, […] dann ass dat natierlech schwiereg. […] Dofir ass et fir mech wichteg, dat déi Prozedur séier geet. Et gëtt jo näischt méi Schlëmmes, wei e Kand, wat mat 3 Joer heihinner kennt, et weess schonn net méi wei et do war, wou et hier kennt an dann geet et hei 4, 5 oder 6 Joer an d’Schoul, […] an dann muss et ob emol zeréck an e Land, wat et net kennt. […].Ech fannen dat och gutt, dat d‘Populatioun sech do zum Deel engagéiert an et probéiert, dat d’Leit kennen heibleiwen. Dat funktionéiert net ëmmer, […] mee et lount sech ëmmer fir eppes ze kämpfen. Och wann een emol eng Kéier e Réckschlag huet, lount et sech awer ëmmer nees fir ze kämpfen.

Back to Top