Erfollegräich Participatioun vu MEGA-Schüler un NaMUN

De MEGA-Club vum Lycée Michel-Rodange huet un der NaMUN (Model United

Nations) Konferenz zu Namur deelgeholl, déi vun der belscher Partnerschoul Institut de Providence de Champion organiséiert gouf. 

Insgesamt 63 Schüler aus 7 Länner hunn um Event participéiert, dee vum 2. bis den 4. Februar am Wallounesche Parlament stattfonnt huet.

Den LMRL war mat enger Delegatioun vun 10 MEGA-Schüler a Schülerinnen vertrueden, dovunner waren 8 an der Funktioun als Delegéiert mat dobäi. Déi ganz Konferenz gouff a Kollaboratioun mat eisem Lycée organiséiert, sou dass zwee vun eise Schüler, den Tom Scheer an den Loris Zehren d’Éier haten d’Konferenz an der Funktioun vum Secretary General, respektiv Vize-Präsident vun der General Assembly ze leeden.

https://www.rtbf.be/article/premier-namur-model-united-nations-au-parlement-de-wallonie-11147101

Am Human Rights Council, deen och vum Tom a Loris geleet gouf, hunn eis Delegéiert den Problem vun der glawens- a reliounsbaséierter Intoleranz debattéiert. Den UNEP Committee huet den ekonomeschen Impakt vum Klimawandel behandelt an am Security Council gouf den Ukrain-Konflikt thematiséiert.

Eis Schüler a Schülerinnen, déi zum Deel di éischter Kéier op sou enger Konferenz dobäi waren, waren ganz erfollegräich. Verschiddener vun hinne kruten eng Auszeechnung zum beschten Delegéierten:

– Sara Vaccino (3rd best delegate of GA)

– Thomas Jack (2nd best delegate of UNEP)

– Luca Radusi (2nd best delegate of GA, 3rd best delegate of Security Council)

An och Mira Zwank, den Tom Dieschbourg, de Lou Mergen, de Charles Weimerskirch an den Hugo Van der Hecke gutt geschafft an sech an hire jeeweilege Komiteeën an och an der General Assembly behaapt.

Begleet goufen Schüler vum Sandra Droste, Patrick Brücher a Sandra Galli.

Back to Top