De Serge Tonnar op Besuch am LMRL

Vill méi wéi d’Belge Plaasch a Crémant an der Chamber

 

Den 12 Mee 2017 vun 12.35 bis 14.15 war de Serge Tonnar op Invitatioun vun den Amis du LMRL an eiser Schoul mat engem Programm speziell fir des Geleeenheet. Zwou Klassen vun 3e hate sech matt hiere Professorinnen am CDI afont fir ze lauschteren, ze kucken an ze diskutéieren.

Nodeem de Serge Tonnar vum Haer Robert Zeimet (fréiere Professer am LMRL) begréisst a kurz virgestallt gouf, ass hie selwer méi genee op säi Lieweswee a seng Karriär agaang. Vill Statiounen hunn heen nom Lycée iwer Journalismus zB. als Mattarbechter vum 100,7, dem Tageblatt a beim Lëtzebuerger Land bis bei Beruffer wéi Regisseur, Auteur, Komponist an Interpret gefouert.

Haut ass hien onofhänge Kënschtler, ass ennerwee matt Legotrip, senger Band, schreiwt Filmmusek, ass Auteur, Schauspiller  Produzent a Mattbegrënner vum Kënschtlerkollektiv Maskénada a villes méi.

Ugefaangen huet de Serge Tonnar säin Optrëtt am LMRL matt der Flüchtlingsproblematik. Säin Engagement an dem Beräich gouf durch d’Lidd Kossowomoss gewisen, dat hie live gesongen an op der Gitar begleet huet. Duerno gouf et e Video ze gesinn, bei dem de Yann Tonnar, dem Serge säi Brudder, Regie gefouert huet. D’Lidd an de Video droen den Titel: Mir wëllen iech ons Heemecht weisen. D’Schüler a mir all waren ganz beandrockt an e Jong huet gemengt, him wär d’Hingerhaut dobäi ausgaangen.

Als Projetsaarbecht gouf d’Schaffe matt Alzheimer-Patienten virgestallt. Kee konnt sech der onheemlecher Wiirkung vun dem Lidd Bonjour an Awuer entzéien, dat vun de betraffene Leit mattgesonge gouf. Hei huet sech dem Kënschtler Tonnar säi sozialt Engagement gewisen. Net nëmme rieden ma virun allem eppes maachen…

Dono gong nach iwer Filmusek rieds an dozou gouf e Video mam Titel Vollekslidd gewisen. Dëst Wierk widdersetzt sech der Upassung a plädéiert fir jidderengem säi Recht op Gléck.

Äddi huet de Serge Tonnar eis matt sengem Lidd Hey meng Boma gesot, woubäi jiddereen am Sall de Refrain mattgesongen huet.

No der Meenung vun alle Bedeelegten war dëse Besuch vum Serge Tonnar e groussen Erfolleg. D’Schüler waren absolut roueg an disziplinéiert. Si hunn gudd iwerluechte Froe gestallt. Besonnesch ee Schüler huet mindestens eng hallef Dose Bäiträg geliwwert. Dorënner d‘ Fro, op de Serge, wéinst senger Haltung schon emol attackéiert oder beleidegt gi wier. Weider wollt hee wëssen, wéi de Serge zu der däitscher Diskussioun ëm eng sogenannt „Leitkultur“ géif stoen. Och munnech Meedercher waren interesséiert um Liewe vun engem Kënschtler, an e puer sinn no dem Optrëtt nach bei de Serge komm fir matt him ze schwätzen, an eppes iwer hiert eegent Engagement ze erzielen.

Och de Serge Tonnar war mam Verlaaf ganz zefridden. Et war e schéine Moment, deen eiser Schoul, den Amis du LMRL a virun allem eise Schüler  Éier gemaach huet. Eisem Gaascht soe mir: Villmols Merci!

Rob Zeimet

 

Back to Top